Trash Pop Dinner Party

⚠️ These are full table prices! Price per person = 15 €. Please look at the table plan in the image gallery before you pick a table!

60.00

Clear
Category Tags,

Et ass erëm souwäit: Trash Pop is back an dat als Dinner Party an der MelusinArena de Samschden, 19. Dezember.

De Melu gouf komplett transforméiert a presentéiert sech elo am Holz-Look mat Hütten-Feeling. Domat gëtt Trash Pop en aussergewéinlecht Erliefnis! Wéi gewinnt déi kitschegst Pop-Musek vun haut a gëschter, Lidder déi jidderee kennt, kee gutt fënnt an awer jidderee vun Ufank bis Schluss wäert matsangen.

Et gi 4er, 6er an 8er Dëscher.

D’Capacitéit ass limitéiert an déi éischt si vir.

1 Persoun – 15,00 €

– Däin Entréesticket mat denger Sëtzplaz op dengem Dësch.
– Iessen bestelle kanns du sur place à la carte.

Start – 19.00 (Et muss ee virun 20.00 dobanne sinn)
Alter – Minimum 18 Joer

⚠️ Speziell Mesurë gëlle fir d’Sécherheet vun eise Gäscht z’assuréieren:

– D’Mask muss ugedoe si bis der op ärem Dësch sidd, um Dësch kann d’Mask ausgedoe gi
– Wann dir ären Dësch verloosst, musst dir eng Mask undoen
– Zerwéiert a consomméiert gëtt nëmmen um Dësch
– Op engem Dësch setze maximal 8 Leit, tëscht all Dësch ass en Espace vun 1,50m respektiv eng Trennwand
– De Melusina huet e Lëftungssystem wärend dem ganzen Owend lafen, deen de Raum mat frëscher Loft speist

An net vergiessen:
#NetOuniMengMask
#SocialDistancing
#SafeRestaurant
#PartyAmSëtzen

 

Event Details

Date: December 19, 2020

Start time: 19:00 CET

End time: 23:45 CET

Venue: Melusina

Directions: 145 Rue de la Tour Jacob, 1831 Luxembourg