Melusina Oktoberfest – 26/09

⚠️ These are full table prices! Price per person = 15 €. Please look at the table plan in the image gallery before you pick a table!

This product is currently out of stock and unavailable.

Häerzlech wëllkomm um grousse Melusina Oktoberfest. O’zapft is! Do däin Dirndl un oder sprang an deng Lederhosen, et ass Zäit fir Gaudi! Free dech op eng Maß Helles an defteg bayresch Spezialitéiten. Ja mei!

Hannert dem DJ-Mëschpult stinn d’Schwabinger Spatzen a suerge fir déi richteg Oktoberfest Musek.

D’Menüskaart fir d’Oktoberfest am Melusina ass hei opruffbar: melusina.lu/oktoberfestmenu

Et gi 4er, 6er an 8er Dëscher, d’Capacitéit ass limitéiert an déi éischt si vir.

Ticket pro Persoun – 15 € :

• Däin Entréesticket mat denger Sëtzplaz op dengem Dësch
• Iesse gëtt op der Plaz bestallt

Start – 19.00 (et muss ee virun 20h00 dobanne sinn)

Alter – Minimum 18 Joer

Servus!

⚠️ Speziell Mesurë gëlle fir d’Sécherheet vun eise Gäscht z’assuréieren:

– D’Mask muss ugedoe si bis der op ärem Dësch sidd, um Dësch kann d’Mask ausgedoe ginn
– Esou bal een obsteet, muss een seng Mask undoen
– Zerwéiert a consomméiert gëtt nëmmen um Dësch
– Op engem Dësch sëtze maximal 8 Leit, tëscht all Dësch ass en Espace vun 1,50m respektiv eng Trennwand
– De Melusina huet e Lëftungssystem wärend dem ganzen Owend lafen, deen de Raum mat frëscher Loft speist

An net vergiessen:
#NetOuniMengMask
#SocialDistancing
#SafeRestaurant
#PartyAmSëtzen

Event Details

Date: September 26, 2020

Start time: 19:00 CEST

End time: 23:45 CEST

Venue: Melusina

Directions: 145 Rue de la Tour Jacob, 1831 Luxembourg