D’80er waren d’Jorzéngt vum Glam Metal an den New Romantics, vun de wäissen Tennisstrëmp an dem salonfähege Vokuhila. Keng aner Ära war esou fuerweg an esou geckeg.
Kommt de Samschden 8. Mee 2021 mat op eng audiovisuell Zäitrees mat allen Hits vun deemools fir matzesangen.
Et gi 4er, 6er an 8er Dëscher, d’Capacitéit ass limitéiert an déi éischt si vir.
1 Persoun – 15€
– Däin Entréesticket mat denger Sëtzplaz op dengem Dësch (am Präis inclus)
– Iessen ass nët inclus, bestelle kanns du sur place à la carte
Menu: http://www.melusina.lu/menu/#iessen
Start – 19.00 (Et muss ee virun 20.00 dobanne sinn)
Alter – Minimum 21 Joer
⚠️ Speziell Mesurë gëlle fir d’Sécherheet vun eise Gäscht z’assuréieren:
– D’Mask muss ugedoe si bis der op ärem Dësch sidd, um Dësch kann d’Mask ausgedoe gi
– Esou baal een obsteet, muss een seng Mask undoen
– Zerwéiert a consomméiert gëtt nëmmen um Dësch
– Op engem Dësch setze maximal 8 Leit, tëscht all Dësch ass en Espace vun 1,50m respektiv eng Trennwand
– De Melusina huet e Lëftungssystem wärend dem ganzen Owend lafen, deen de Raum mat frëscher Loft speist
An net vergiessen:
#NetOuniMengMask
#SocialDistancing
#SafeRestaurant
#PartyAmSëtzen