2000s Dinner Party

⚠️ These are full table prices! Price per person = 15 €. Please look at the table plan in the image gallery before you pick a table!

60.00120.00

Clear
Category Tags,

D’2000er sinn zeréck! Op enger audiovisueller Zäitrees mat allen Hits fir matzesangen de Samschden, 9. Januar 2021.

De Melu presentéiert sech am Holz-Look mat Hütten-Feeling. Domat gëtt d’2000s Dinner Party en aussergewéinlecht Erliefnis! 

Et gi 4er, 6er an 8er Dëscher, d’Capacitéit ass limitéiert an déi Éischt si vir. Et muss ee Minimum 18 Joer hunn.

15€ pro Persoun:

– Däin Entréesticket mat denger Sëtzplaz op dengem Dësch (am Präis inclus)
– Iessen a Gedrénks kanns du sur place à la carte bestellen. Menu: http://www.melusina.lu/menu/#iessen

Start ëm 19.00 (et muss ee virun 20.00 dobanne sinn)

⚠️ Speziell Mesurë gëlle fir d’Sécherheet vun eise Gäscht z’assuréieren:

– D’Mask muss ugedoe si bis der op ärem Dësch sidd, um Dësch kann d’Mask ausgedoe ginn
– Esoubal een opsteet, muss een seng Mask undoen
– Zerwéiert a consomméiert gëtt nëmmen um Dësch
– Op engem Dësch sëtze maximal 8 Leit, tëscht all Dësch ass en Espace vun 1,50m respektiv eng Trennwand
– De Melusina huet e Lëftungssystem wärend dem ganzen Owend lafen, deen de Raum mat frëscher Loft speist

 

Event Details

Date: January 09, 2021

Start time: 19:00 CET

End time: 23:45 CET

Venue: Melusina

Directions: 145 Rue de la Tour Jacob, 1831 Luxembourg